Sie sind hier

Léif Biergerinnen! Léif Bierger!

Details

Léif Biergerinnen, Léif Bierger,

Ech freeë mech Iech d’Equipe virzestellen, déi den 8. Oktober 2017 hei zu Bartreng fir d’DP (Demokratesch Partei) an d’Gemengewahlen geet. Et sinn dynamesch Kandidaten mat frëschen Iddiën, déi eis Uertschaft schonns laang kennen, mat Erfahrung an der Politik an am Veräinsliéwen, all Dag no bei de Leit.

Zanter ville Joëren ass ënnert eiser Féierung zu Bartreng esou Munches a Beweegung komm. Mir sinn eng modern, innovativ Uertschaft wou et flott ass ze liewen a wou d’Natur nach präsent ass. Mat eisem neien attraktiven a liewegen Duerfzentrum matt Park si mir haut e Virbild fir vill aner Gemengen hei am Land! D’DP stong als eenzeg Partei zu 100% hannert dësem Projet.

Mir hu weider Iddiën fir Bartreng eppes ze bidden a fir eng exzellent Liewensqualitéit ze garantéieren! Dem Buergermeeschter seng Equipe: Mat Häerz a Séil fir Bartreng a seng Bierger!

Frank Colabianchi, Buergermeeschter